Luxemburger RS-Freaks (Mitgliederliste im 1. Post)

Focus RS Forum

Hilfe Unterstützen FOCUS RS:

This site may earn a commission from merchant affiliate links, including eBay, Amazon, and others.

  • Hooters (Gailen Service)

    Stimmen: 6 60,0%
  • Take More XXL (Gehirlos Gefreiss)

    Stimmen: 4 40,0%

  • Umfrageteilnehmer
    10
Hun dei nei milltek bestallt ab turbo dorob freen ech mech am meechten an dann geht main elo mol bei shiftech stage 2 evo 400 peard anscheinend - gespaant waat dobai eraus kennt.
Mais mam claude kann jo kee mathaalen :p


Mat bei der Wengler kann ech leider net muss schaffen bis 10 owes :/
 
Also geif mech mol interesseieren wei sou en rs vun shiftech sou leeft. Wat muss dann alles geaennert gin vir dei 400 ps ze erreechen?
 
dir schmeisst maat Ps´en hei rem nidd normal an wann dir dann maat aeren 400ps mol um preifstand war dann keint dei batter realiteit.

laut engläner misst ech 380bhp hun daat waeren dann 350-360 ps an dann waerd ech frou sin wann de Ray da 330ps raus kritt
 
T ass wouer Daniel. Et gouf schon dynodays an do waren der vill ganz ganz no un der leeschtung dei ugin war. Mee en shifttech war na net derbai an ech trauen hiren 400 ps net ganz. Misst een wessen wat se verbauen. Wann just auspuff, intercooler an loftfilter, da kritt een niemols 400 ps raus, op allefall keng ganz gesond paerdien!
 
ynnor82 schrieb:
T ass wouer Daniel. Et gouf schon dynodays an do waren der vill ganz ganz no un der leeschtung dei ugin war. Mee en shifttech war na net derbai an ech trauen hiren 400 ps net ganz. Misst een wessen wat se verbauen. Wann just auspuff, intercooler an loftfilter, da kritt een niemols 400 ps raus, op allefall keng ganz gesond paerdien!



- Stage II EVO :
Intercooler Pro Alloy
Kit Durites renforcées SFS
Filtre à air K&N
Collecteur Mountune
Injecteurs 550cc
Ligne complète sans Cat ( Mais hei huelen ech jo dei nei vun Milltek )
Développement sur mesure sur banc de puissance. Une journée.
400cv 580nm !

Hun puer saachen do gesin an getest an muss soen dei denger laafen nawell gudd. Se schaffe propper an hun wierckleg ahnung vun deem waat se zielen. All problem as hinne bekannt den ech ugeschwaat hun. An se hatten ob alles eng gudd äntwert.
An ech kennen een den huet den Stage 3 do gema an deen huet ob 2 verschiedenen bänken enkeier 423 an enkeier 421 ps rauskrit, fron en mol ob en ma kann d`kurven schecken
Anscheinend hun se och ob nofro nach stagfe 4-5 iwer 500 peard.
 
Vergiess dei 400 Ps bei dem Tuning do. Kann net fonctionneieren bei dene Mettelen dei do genannt gin. Wann ech misst schaetzen giff ech soen am beschten Fall em dei 340 EWG-Ps. Ausserdem waert dat dooten vill Ladedrocktuning sin extrem schlecht fier den Motor an den Turbo. Beim K16 sollten net mei wei 1,4 bar Drock uleien soss hescht et:'Sayonara Lader'.;)
 
hun och schon versicht deen een oder anneren Shiftech RS op en Dynoday an Daitschland matzebrengen ..
et huet nie een Zeit ... :idee:
 
Ech hun hei op derr Motorshow mat deenen vun Shiftech geschwat! Sie scheinen nawell wierklech bessen Ahnung ze hun vum Auto an vun den Problemer dei unleien ab enger gewessener Leeschtung! (Killung an Temperatur etc.)
Allerdings glewen ech och net un dei 400PS an wann dann just eng gewessen Dreizuel (kleng Leeschtungspetzt) an dann fällt Kurv zimmlech krass no ennen! Fiert sech also wei en Turbodiesel! Wat Haltbarkeet ungeet zweifelen ech och drun well 650ccm Düsen geholl gin an Pompel net ersaat gett opwuel bewisen ass dass Düsen alleng net wierklech vill brengen well den Drock net oprecht gehaalen gett!

Kreien och Haut oder Muer Milltek vum Philipe an dam Laaf vum nächsten Mount den Mountune MR375Kit! :hurra2: :bananadancer2: :cooler:

@ Daniel
Dass Englänner mat Ponnyen schaffen amplaatz vun Paerd ass bekannt! Meng Mountune MP350 Software breng och net ganz 350PS mee se sin absolut Haltbar well mei opt Hardware gesaat gett!
Allerdings wann een dem Karsten (Smoky) sain kuckt an wann den Claude sain remkritt kanns de zimmlech secher sin dass dei Leeschtung dei ungin ass och dei ass dei den Auto dreckt! Well dat ass iwer Wochen rop an roof getest gin!
Freeen mech drop Claude enkeier matzefueren mat engem ü 420PS Focus! :cooler: :thumbs-up_new:
 
Hei mol enkeier Kurven vun Stufe 1 mat 356PS an Stufe 2 mat 390PS!
Gesait een ganz gudd wei Leeschtung fällt ab 5500U/min! Ass just gudd vir Unzegin (Ech hun xxx PS) :fuck:
 

Anhänge

  • Shiftech 360PS.jpg
    Shiftech 360PS.jpg
    83,7 KB · Aufrufe: 2.325
  • Shiftech 390PS.jpg
    Shiftech 390PS.jpg
    92,6 KB · Aufrufe: 2.325
Muss emmer lachen wann en Tuner behapt hien haet stzndfesten Tuning. Wann ech dann froen fierwaat sein Tuning standfest ass dann entgleisen sie komplett. Well ech froen dann no 100.000 km Tester, noweislech onofhaengeg Analysen vun Experen, ...kloer dat dat keen kann noweisen well keen Tuner den Motor esou gudd kennt wei den Hersteller. Keen!

Wien tunt spillt mat der Liewensdauer vu sengem Auto an zwar vun all Deel wat belascht get!

p.s. et ass keen Wonner dat Ford beim 500er net den Ladedrock erheischt. Siehe 1,4er bar.
 
misterk schrieb:
p.s. et ass keen Wonner dat Ford beim 500er net den Ladedrock erheischt. Siehe 1,4er bar.

Jo dat ass gewosst dass et emmer opt Haltbarkeet schleit! #
Bei der RS 500 resp. MP350 Software vun Mountune ass den Ladedrock em 0,05bar erheischt leit also bei 1,45bar vir ganz genau ze sin!
 
Dei meschten Rs hun original keng 1,4 bar dofier passt dat mam Mountune nach gudd an Limit. Den Ladedrock deen den Hersteller uget ass en Idealdrock innerhalb den Normwerter. Ass nie exakt an der Realiteit. Mein Auto soll 1,2 bar hun mee huet 'just' 1,18 bar real ereescht (okay ass elo keng grouss Difference) mee awer.
 
Ech hun mech mam Mountune kit e bessi beschaeftegt an muss soen genial wei do sech em Standfestegkeet gesuergt get indem den Ladedrock net erheischt get an d'Streimung vum Motor dei jo erheischt get duerch Modifikationen fierum Lader an d' Software ass dofier Verengung vun der Downpipe vun 76 op 70 notwendeg fier Ladedrockspetzen (Ladedrock daerf net schwingen dat passeiert gaeren wann een den Kat eraus hellt resp op 3 Zoll embaut) resp nach Dreimoment ennen erem wellt.
 
Eigentlech freen ech mech mei obt milltek anlag wei ob d`optimeirung. Objidefall as et secher dass ech den stage 2 evo maan ob dkurv no 5500 fällt oder net. iech kann een et sws nie recht maan :p:p
 
@ Misterk
schengs dech jo besser auszekennen wei dei meecht hei! :thumbs-up_new: Vierwat geet Mountune dann lo mat der nächster Stuf awer op 3 Zoll Anlaag iwwer? Soll jo dann och eng Begrennung hun oder ass dat just vir hier Anlaag kennen ze verkaafen?
 
Ech hun a menger Vergangenheet och getunten Turboen gehaat an mech vill mat den Geforen fier Motor an Lader befasst.
Eng 3 Zoll Anlaag ass u sech keng Gefoer fier den Motor mee en net ugepassten Software dei zou Ladedrockschwankungen feiert resp eng Abmagerung vun der Verbrennung oder Resonanzsteierungen op Grond vun engem Sportloftfilter dat ass gefeierlech.

Waat killt en Turbomotor resp Turbo?/
- Ze weineg resp falschen Ueleg
- Ueleg net oft genuch gewieselt
- Chiptuning
- heigen Ladedrock zesummen mat mei heigen Dreizuelen
- Ofmagerung oder Resonanzproblemer op Grond vu Sportloftfilter ouni Upassung vun der Software
- decken Auspuff oder ouni Kat fueren ouni Elektronik upassen brengt Schwankungen am Ladedrock
- net warm resp kaal fueren
usw...

Sich der eppes eraus:)
 
jo ass wahrscheinlech meeschtens eng Meschung vun allem! :)
Mee ass dei 3 Zoll Anlaag dann lo wierklech noutwendeg vir dei "375PS" oder net? (oofgesin dovun dass dei Software wahrscheinlech dorop oofgestemmt ass)
 
Den greissten Nodeel beim RS ass dass hien am Prinzip jo schons en getunten Motor ass de vun 225 Ps op 305 Ps bruecht gin ass. En ass net direkt vun Ufank un als 305 Ps Motor entweckelt gin. Dat brengt mat sech dat verschidden Deeler vum Motor no um Limit sin schons am Serienzoustand. Leider.

Reserven sin zwar emmer nach do mee eischter mei kleng.
 

Neueste Beiträge

Oben